Chambre Immobilière : les garanties
Chambre Immobilière
0
Retrouvez notre intervenant, Jean-Paul Scheuren, Président de la Chambre immobilière, s’exprimer sur un nouveau sujet immobilier.
Rendez-vous tous les mercredis sur RTL Radio Lëtzebuerg à 9h40.
Firwat schwätze mer iwwer Wunnen zu Lëtzebuerg?
- Ma, ech mengen d’Wunnen ass ee Sujet, dee ganz vill Leit interesséiert, an et ass ganz wichteg, datt een déi bescht méiglech Informatioune ka kréien, a mir empfannen einfach, dass mir déi sinn, déi kënnen den Interessenten dobaussen déi Informatioune bréngen an dem Immobiliemarché méi no bréngen. Ech menge mat engem objectiven a professionnelle Conseil kann een einfach mat méi Sécherheet un de Secteur erugoen an dat ass wat mir gär hätten, mir bréngen einfach gär d‘Vertrauen zeréck an de Secteur an dat ass dat, do gesi mir eis an engem Rôle fir dat ze maachen.
Wéi soll een dann elo déi Seriö vun deene manner Seriöen trennen?
- Ma déi Seriö do soen ech einfach emol et ass méi einfach et kuckt een einfach d’Lëscht vun de Membere vun der Chambre Immobilière. Dat sinn op jidde Fall Leit, déi hu sech schonn emol engagéiert, déi verschidde Reegelen anzehalen, a si setze sech domadder iwwer de Marché ewech, wat just vum Gesetz verlaangt ass.
Wat ass d’Garantie, déi d’Chambre Immobilière gëtt ?
- Ma mir hunn eng Garantie doduerch, datt d’Leit éischtens emol Member bei eis sinn, si ënnerschreiwen esou ee Code de Déontologie, also d’Reegele, déi si vum Beruff, déi si mussen anhalen. Mir hunn eng Charta, eng Qualitéitscharta vun de Reegelen, déi mer vis-à-vis vum Client anhalen, dat kann een och op eisem Site alles nolauschteren, a wann dann awer eng Kéier eppes net klappt, dann hu mer eng Commission de Discipline, dat heescht eng Commissioun, wou d’Leit hir Plaintë kënnen eraginn a wou mir da kucken, dass mer tëschent de Parteie kënnen eng Mediatioun maachen an dass mer de Probleem kënne léisen. Elo de grousse Virdeel ass haut, datt mer och e Site hunn wou déi Annoncë vun eise Memberen dann ze fanne sinn, dat ass vivi.lu, do fannt der och nëmmen Annoncë vun eise Memberen, dat heescht déi Leit, déi dee Code
Retrouvez l’interview en français :
Related Posts
Laisser un commentaire
Rechercher
Ecoutez nos podcasts
Retrouvez le témoignage de nos membres sur notre playlist Youtube
Retrouvez nos émissions sur RTL Lëtzebuerg
Prochaines réunions des Commissions de discipline:
11/11/2019 - Me Choucroun
25/11/2019 - Me Bleser