Comment estimer le prix d’un bien immobilier au Luxembourg ?
Retrouvez notre intervenant, Jean-Paul Scheuren, Président de la Chambre immobilière, s’exprimer sur un nouveau sujet immobilier.
Rendez-vous tous les mercredis sur RTL Radio Lëtzebuerg à 9h40.
· Wann ech meng Wunneng dann elo wëll verkafen oder verlounen, oder wann ech eppes sichen, wéi gesinn ech dann, datt et dee richtege Präis ass?
· De richtege Präis, dee gesäit een eigentlech op Basis vun enger Evaluatioun, enger Evaluatioun vun enger Immobilie dat ass eng Momentopnam, mee et ass och e Schrëftstéck, dat ass u sech dee Präis, dee festgeluecht ginn ass, fir änlech Bienen um Marché, déi awer verkaaft gi sinn, dat heescht wou den Objet sech realiséiert huet. Dat ass also e Vergläichswäert.
· Mee geet et dann elo net duer, wann ech einfach zum Beispill 10 Agencë bestelle fir mer ze soe wéi si de Präis gesinn?
· Also eng vun deene schlechsten Approchen ass 10 Agencen en concurrence ze maachen an dann ze kucken wéi déi sech eropschaukele fir dee Präis ze nennen. Do geet et just drëm fir Mandater ze kréien. Et ass besser et kritt een eng konkreet Evaluatioun, eng konkreet Evaluatioun, do gëtt eng Wunnfläch opgestallt, do gëtt et Normen dofir fir dat ze maachen, do gëtt den Zoustand gekuckt, d’Vetustéit gekuckt, do gëtt den Energiepass gekuckt, an da gëtt e Präis ermëttelt an dat gëtt am Prinzip an engem schrëftlechen Dokument festgehal.
· Kann ech net einfach de Präis am Internet zum Beispill op vivi.lu kucke vun änlechen Objeten?
· Dat ass ëmmer eng gutt Indikatioun, mee ech menge schonn et ass e Milieu fir Profien, ech mengen et ass ëmmer besser et freet een deen, deen dat op engem professionnellen Niveau mécht, an dee gëtt engem och eng objektiv Vue iwwer de Präis. Dofir sinn ech eigentlech der Meenung, datt ee fir esou en Objet da besser huet fir een ze froen an datt ee sech do begleede léisst.
Retrouvez la vidéo en français :
Related Posts
Laisser un commentaire
Rechercher
Ecoutez nos podcasts
Retrouvez le témoignage de nos membres sur notre playlist Youtube
Retrouvez nos émissions sur RTL Lëtzebuerg
Prochaines réunions des Commissions de discipline:
11/11/2019 - Me Choucroun
25/11/2019 - Me Bleser