E leschte Mëttwoch hunn d’Deputéiert mat 31 Jo- 8 Neestëmmen an 21 Enthalunge fir dat neit CSSF-Gesetz gestëmmt.

E Gesetz, mat deem de Risiko vun enger Immobiliëblos hei am Land besser erkannt a kontrolléiert soll ginn.

D’Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur soll an Zukunft zesumme mat der Zentralbank, d’Evolutioun vun den Immobiliëkreditter iwwerwaachen, fir preventiv ze verhënneren, datt eng Immobiliëblos d’Lëtzebuerger Banken destabiliséiere kéint.

De President vun der Chambre Immobilière hält positiv zeréck, datt elo mol eng Analys gemaach gëtt, déi déifgräifend ass. Dat géif jiddereen intresséieren; de Client an de Professionellen.

La suite de l’article sur Rtl.lu