Où trouver les annonces de la Chambre Immobilière ?
Chambre Immobilière
0
Retrouvez notre intervenant, Jean-Paul Scheuren, Président de la Chambre immobilière, s’exprimer sur un nouveau sujet immobilier.
Rendez-vous tous les mercredis sur RTL Radio Lëtzebuerg à 9h40.
Wou fënnt een d’Annoncë vun de Membere vun der Chambre Immobilière ?
- Jo, säit leschtem Joer hu mer deen neie Site, vivi.lu, dat ass eise Portail Immobilier, deen awer vun de Professionnelle selwer gemaach gëtt. Dat heescht, et ass kee kommerzielle Portail an deem Sënn, well mer selwer kucken déi Annoncen dropzesetzen an d’Annoncë vun eise Memberen, dat heescht do fënnt een eng ganz Partie oder e groussen Deel vum Marché erëm. Awer nëmmen Annoncë vu Memberen, dat heescht Membere vun der Chambre Immobilière, déi dann och de Logo Accreditatioun Chambre Immobilière hunn.
A wéi eng Exklusivitéite fënnt een op deem Site ?
- Eng vun deenen Haaptfacilitéite vum Site ass eeben, datt een Exklusivitéiten huet, Exklusivitéiten heescht, datt een déi Annoncën op kengem anere Site fënnt, déi fënnt ee just um vivi.lu an dann och an deem Sënn op dem Site vun der Agence. Mee et ass dee grousse Virdeel, dass wann ee bis ageschriwwen ass, natierlech dann och Informatiounen iwwer d’Exklusivitéite kritt, dat heescht, ‘t ass een als alleréischten informéiert, wann eppes Neies um Marché ass, an ech mengen, dat ass jo dat, wat jiddereen haut interesséiert, fir sou séier ewéi méiglech informéiert ze ginn, wa gutt Saachen op de Marché kommen.
Et ass also e Site, deen eng optimal Utilisatioun zouléisst?
- Jo, mir kucken an der Technologie esou wäit vir ze sinn ewéi méiglech. Vu que datt mir net als Haaptobjectif hu mat vivi.lu Benefice ze maachen, et geet eis drëm d’Technologie sou gutt ewéi méiglech ze adaptéieren am Besoin vum Client, an och un dat wat mer kënnen ubidden, dat heescht wat eigentlech haut Stand der Technik ass. Ech géif mengen, datt mer mat vivi.lu zum Beispill dee Site sinn, dee sech am Beschten um Handy benotze léisst, well mer einfach vu vir era gesot hunn, dat ass do wou d’Leit higinn an da musse mer kucken datt dat esou fonktionéiert. Et ass och ganz kloer bei eis si keng Reklammen, déi lescht Annonce, déi Dir gesitt, ass déi lescht Annonce, déi publizéiert gouf.
Retrouvez l’interview en français sur :
Related Posts
Laisser un commentaire
Rechercher
Ecoutez nos podcasts
Retrouvez le témoignage de nos membres sur notre playlist Youtube
Retrouvez nos émissions sur RTL Lëtzebuerg
Prochaines réunions des Commissions de discipline:
11/11/2019 - Me Choucroun
25/11/2019 - Me Bleser